Show Times
Not Currently Scheduled.About the Show
An dëser Sendung gëtt “iwwer Gott an d’Welt” geschwat. De Lex an de Bob vun AHA Lëtzebuerg beliichte verschidden Themen duerch de Brëll vum weltleche Humanismus. Si schwätze mat Humanistinnen an Humanisten aus der ganzer Welt iwwer d‘humanistesch Liewensweis, hier Wäerter an Iwwerzeegungen. Dobäi behandelen si ënner anerem: d’Geschicht vum Humanismus, Atheismus, Agnostizismus an der Opklärung d’Wichtegkeet vum Prinzip vum säkulare Staat fir d’Gewëssensfräiheet, d’Meenungsfräiheet an d’Reliounsfräiheet, déi weltlech humanistesch Feierkultur a verschiddene Länner, d’Roll vun der Wëssenschaft an der Gesellschaft an; déi grouss moralesch an ethesch Themen vun eiser Zäit. All Episod vun “Iwwer Gott an d’Welt” exploréiert en anert Gebitt vum humanisteschen Denken an Handelen, vu Politik iwwer Reliounskritik, Vernonft, Selbstbestëmmung, Fräiheet, Wëssenschaft, Kierchekritik a Verantwortung bis zur Popkultur. Wann Dir Iech als Humanist, Atheist, Agnostiker ugesinn, oder wann Dir méi iwwer Humanismus, Atheismus an Agnostizismus gewuer wëllt ginn, da lauschtert an dës Sendung ran.