Show Times
Not Currently Scheduled.About the Show
“Cannabis: Wat ass wat?” ass eng Kollaboratioun tëscht CNAPA (Centre National de Prévention des Addictions) an Graffiti.
Dëse Podcast ass eng Echange tëscht Vicky a Luc iwwer all méiglech Froen, Illusiounen, Wouerechten an Onwouerechten di ronderëm Cannabis kurséieren.
Powered by Graffiti Talks
Episodes
D’Thema haut ass Risikominiméierung. De Luc an d’Vicky schwätzen driwwer, well daat ass ee ganz wichtegen Deel vun der Risikominiméierung. A waat huet daat ganzt mam Dornröschen ze dinn? lauschtert einfach eran. […]
An deser Episode schwätzen de Luc an d’Vicky iwwert dei verschidde Konsumformen vum Cannabis. […]
Cannabis Wat ass wat? haut mam Thema: neit Gesetz. De Luc an d’Vicky tauschen sech iwwert richteg a falsch Informatiounen ronderem daat neit Gesetz aus. […]
Ass Cannabis als Medezin iwwerhaapt erlaabt ze Lëtzebuerg? Jo, ass et. Fir wat Cannabis an dem Kontext ka genotzt ginn, decidéiert den Dokter, den dofir extra qualifizéiert ass. Wou de Cannabis hier kënnt, kënnen iech Vicky a Luc och nach soen. […]
Kann Cannabis ofhängeg maachen? Natierlech! Wourun léit dat? A wat sinn d’Ënnerscheeder tëschent enger physescher a psychescher Ofhängegkeet? Vicky a Luc klären iech do op. […]
Cannabis net gläich Cannabis? Kléngt komesch, ass awer esou. 😉 Luc hellt sech d’Zäit, iech di genau Ënnerscheeder ze erklären. […]
Haut schwätze Vicky a Luc iwwer d’Auswierkung vu Cannabis beim Sex. Wéi Cannabis sech op Sex auswierkt hänkt vu verschiddene Faktoren of. […]
Typesch Froen? Mythen? Der gëtt et ronderëm Cannabis sécherlech genuch. Vicky huet der ee puer opgegraff a freet de Luc mol aus, wat dovu stëmmt a wat net. […]
Cannabis a Führerschäin? Ass dat eng gutt Kombi? Iwwert den Afloss vu Cannabis wärend dem Fuere gëtt et verschiddene Studien. Di Fro ass elo no der Legaliséierung vu Cannabis méi präsent denn je. […]
Haut schwätze Vicky a Luc iwwert den Zesummenhang vu Cannabis a Psychosen. […]