Protest a Konscht / Konscht a Protest
“Lauschter Mol!”, äeren antikapitalista Podcast fir jonk an al. Dëse Mount mat den Themen Konscht, Protest an Empowerment, a wie dës Saachen zesummenhängen.
“Lauschter Mol!”, äeren antikapitalista Podcast fir jonk an al. Dëse Mount mat den Themen Konscht, Protest an Empowerment, a wie dës Saachen zesummenhängen.
Katy Medernach schafft un de wëssenschaftlechen Hannergrënn fir eng Ausstellung vu SOS Faim, Frères des Hommes an der ASTM zum sougenannten Liewensmëttel-Foussofdrock. Wat huet et domat op sech?
Alice an Delphine schwätzen an dëser Episod iwwer d’Thema Iessen. Iesse verbënnt een oft mat Kultur, Kandheetserënnerungen a Genoss. Dowéinst ass dat Thema esou perséinlech an oft ginn Diskussiounen doriwwer séier hëtzeg. An dëser Episod wëlle mir versichen, den Zesummenhang tëscht eisen Iessgewunnechten an enger nohalteger Liewensweis besser ze verstoen. Wat seet d’Wëssenschaft? Wat soen d’Schülerinnen a Schüler an de Schoulkantinnen? A wat sinn d’Erfarunge vum Alice a vum Delphine, déi sech nëmmen nach vegetaresch/vegan ernären? Zesumme mat enger ganzer Rei move-ler a spannenden Invitée:en beschwätze mir, wat bei eis op den Teller kënnt – a wéi mir gläichzäiteg eise
Mëtt Mee hunn déi zwee Deputéiert Sven Clement an Nathalie Oberweis e Gesetzesentworf fir e Liwwerkettegesetz fir Entreprisen an der Chamber deposéiert. Mam Co-Coordinateur vun der Initiative pour un devoir de vigilance pour entreprises au Luxembourg Jean-Louis Zeien schwätze mir iwwert genau dësen Entworf.
Talk on: Chats about work, student life and so on. Today’s topic: working and studying at the same time as a full student and a full worker.
Wouhier kënnt d’Iddi der Natur juristesch Rechter ze ginn? Kann een der Natur iwwerhaapt eppes ginn oder geet et éischter um Unerkennung? Si Rechter och mat Flichte verbonnen a wa jo, wéi gesinn dës aus?
Jo Ann a Luca schwätzen haut iwwer Fashion. Ween huet meng Kleeder gemaach? Ënnert wéi enge Konditioune goufen se produzéiert? Wéi kann ech akafen ouni Mënsch, Ëmwelt an Déier ze schueden? A wéi eng Roll spillt d’Politik iwwerhaapt dobäi? An dëser zweeter Folge kucke mir eis Alternativen zu Fast Fashion un a schwätze mat Acteuren aus deem Beräich. Vu Second Hand, iwwer Upcycling, zu nohalteg produzéierter Moud, ass fir jiddereen:t eppes dobäi. Freet iech op spannend Interviews, eng Diskussiounsronn an en informative Bericht. E Micro Trottoir souwéi e Spill hu mir natierlech och rëm fir iech virbereet. Lauschtert eran! Méi
D’Joer 2023 ass entscheedend fir d’Zukunft oder d’Enn vum Mercosur-Fräihandelsofkommes: Zënter Joren engagéiere sech d’ASTM an d’Klima-Bündnis Lëtzebuerg, zesumme mat villen aneren Acteuren aus der Zivilgesellschaft, fir d’Ofleenung vum Mercosur-Accord.
Laly an Jasmine leeden iech haut duerch déi alleréischt Episod vum move.Podcast “fënnefopzwielef”. Wann et ëm eis Zukunft geet, hu mir et selwer an der Hand. Dat gëtt eis Jonken jiddefalls oft gesot. Engagéiert iech, soen se, setzt iech an fir dat, wat iech wichteg ass! Ma dat ass net ëmmer esou einfach, besonnesch an enger Welt déi ëmmer méi komplex gëtt a wou d’Krisen sech heefen. Mir schwätzen an dëser éischter Episod vun der neier Staffel driwwer, wou een sech hei zu Lëtzebuerg gesellschaftspolitesch engagéiere kann a firwat dësen Engagement sech nach ëmmer lount. Ausserdeem stelle mir e puer Projete fir, wou
Im Januar 2023 hatten 14 Schülerinnen und Schüler des Lycée technique de Bonnevoie die Möglichkeit das ZEV kennenzulernen und an 2 Projekttagen eine kleine Sendung zu den Themen Social Media und Mobile Games zu produzieren.
“Wat ass Mënschlechkeet? An gëtt et dat iwwerhaapt? Wéi kéint eng post-kapitalistesch Utopie ausgesinn? Domadder beschäftegt sech d’Buch ‘A Psalm for the Wild-Built’ vum Becky Chambers, dat mir an eiser 24. Episod beschwätzen. Instagram: @lauschtermol Musek: 3 Tage am Meer by AnnenMayKantereit”
Mam Nadine Haas (ASTM) schwätze mir iwwert den neie Rapport vun der ASTM: “Entreprises de l’État au Luxembourg: des modèles en matière de droits humains?”
“The Mask of the Red Death” with Maria Binica Tuesday 28 February at 16:00
An dëser Episod kucken mir eis d’Klimakrise an d’Klimaaktivismus-beweegung un.
Mam Magali schwätze mir iwwert Biergerbedeelegung zu Lëtzebuerg. Wat fir Projete ginn et? Wat sinn typesch Problemer vun der Biergerbedeelegung hei am Land?
„Elements of AI – Léiert d’kënschtlech Intelligenz kennen a verstoen Hautdesdags fënnt een ëmmer méi kënschtlech Intelligenz an eisem Alldag. Siichtbar oder net, si ass do a gëtt vun eis all zum Deel onbewosst mat genotzt. Elements of AI ass e gratis Online-Cours, dee jiddferengem d’Méiglechkeet gëtt ze verstoen wat kënschtlech Intelligenz ass, wéi se entsteet, wéi se funktionéiert a virun allem wat se kann a wat net! Léiert och dir d’KI kennen a verstoen: schreiftiech elo an op https://www.elementsofai.lu/“
Mam Helder schwätze mir iwwert all Aspekter vum Projet Klangkeller.
De Projet Klangkeller vu Finkapé well eng Plaz schafe fir d’musikalesch Diversitéit zu Lëtzebuerg ze thematiséieren, z.B. duerch d’Offer vu Coursen, Konferenzen, Diskussiounen an Ënnerstëtzung fir d’Professionaliséierung vu jonke Museker*innen.
Mam Dietmar Mirkes schwätze mir iwwert dat wichtegst Thema vun der COP27: Loss & Damages. Wat ass entscheet ginn? Wéi geet et elo weider? Wéieng Responsabilitéit dréit Lëtzebuerg a wat ass de Grand-Duché elo scho bereet ze maachen?
An eiser 21ter Episode schwätze mer iwwert d’Thema Wëssenschaft a wëssenschaftlesch Methode.
Mam Erika González Ramírez schwätze mir iwwert hiren éischten Dokumentarfilm “The Illusion of Abundance”. Wat ass Thema vun dësem Film? Wéi huet d’Realisatrice déi 3 Protagonistinne fonnt a wat soll elo mat dësem Film geschéien?
Mam Alia Bengana schwätzen ech iwwert de Bëtong, iwwert Sand, iwwer Architektur an iwwert Zukunft vum Bauen.
Hallo an häerzlech wëllkomm bei “Lauschter mol!”, dem antikapitalista Podcast fir jonk an al, haut mam Thema Prison.
Mam Ros Amils vum Dokumentatiounszentrum CEDIB a Bolivien iwwert de Roll vun enger Bibliothéik an enger Gesellschaft. Wéi huet des sech verännert? Firwat kann eng Bibliothéik zu enger Gefor fir d’Machthaber ginn? Wéi ass eng Bibliothéik a Bolivien mat eis hei zu Lëtzebuerg verbonnen?
An dëser Episod kucken mer eis dréi verschidden Bicher iwwert Thema Léift un.
De Yanomami Mauricio Iximaweteri war op Besuch zu Lëtzebuerg an huet mir d’Méiglechkeet gi mat him iwwert déi indigene Bevëlkerungsgrupp vun de Yanomami a Nordbrasilien zu schwätzen. Et geet em hire Liewensstil, hire Kampf em d’Iwwerliewen a wat dat alles mat eis ze dinn huet.
An dëser Episod gett et – an aussergeweinlechen Ëmstenn – em d’Thema Europadag an d‘europäesch Unioun.
Mam Selma Weber schwätze mir iwwert Klimaaktivismus zu Lëtzebuerg a Klimakommunikatioun.
Mat menge Gäscht schwätze mir (op Franséisch) iwwert d’Investitiounstrategië vum Fonds de Compensation, och Pensiounsfong genannt. Firwat ass dëst Thema fir Greenpeace an ASTM wichteg? Wou ass de Lien mat Ëmweltverschmotzung an de Mënscherechter a firwat geet dat eis alleguer eppes un?
An eiser 16ter Episode schwätze mer iwwert die verschidden Art a Weisen wéi Activismus sou kann ausgesinn, ob wat een alles sou oppasse muss, an eis perséinlech Erfahrungen an deem Beräich.
Mam Nadine Haas schwätzen ech iwwert den neie Rapport vun der ASTM “LUXEMBOURG’S FINANCIAL CENTRE & ITS HUMAN RIGHTS POLICIES”. Wéi ass dës Etüd zustane komm, wéi eng Syntheese gëtt et. Ginn et Revendicatiounen un d’Finanzplaz a wei ass de Rapport ugeholl ginn?
Mam Antoni Moliner schwätzen ech iwwert dei weltwait Impfkampagn, d’Impfongerechtegkeet, d’Problemer vun der Covax-Initiativ an de Patenter op Impfstoffer.
Mat Liza Maza (Secretary General vun ILPS) schwätzen ech iwwert Klimaimperialismus a wouranner een dëse festmaache kann. Wien bestëmmt de Kampf géint de Klimawandel, wéi gëtt e finanzéiert an wien profitéiert dovun? Wat si Beispiller fir Klimaimperialismus op de Philippinnen?
An eiser 14ter Episode féiere mer d’Gespréich aus eiser leschter Episode virun, andems mer ob die systematesch Problemer am lëtzebuerger Schoulsystem aginn.
De Carl Philip Dybwad war als Youth Delegate op der Pre-COP zu Mailand an der COP26 zu Glasgow. Mat him diskutéieren ech iwwert seng Andréck, seng Roll an op Jonker iwwerhaapt en Impakt op der Cop hunn an haten. Och schwätze mer iwwert Zukunft vun der COP an iwwert déi zukünfteg Host Cities vun de COPs 27 an 28.
An eiser 13ter Episode schwätze mer iwwert eis eegen Erfahrungen mam Thema Schoul. A well mer dës Kéier sou vill ze soen haten, hu mer direkt zwou Episoden preparéiert!
Mam Baas Brimer, Ëmwelt- a Klimaexpert bei LuxDevelopment, schwätzen ech am Detail iwwert d’COP26 déi den 31. Oktober zu Glasgow ugefaangen huet. Mir schwätzen iwwert d’Geschicht vun der COP, Erwaardungen an Enttäuschungen, d’Roll vu Lëtzebuerg an de Sënn vun enger Klimakonferenz am Joer 2021.
An eiser 12ter Episode treffen zwou Gigantinnen openeen. D’Phoebe, an der Roll vum Rosa Luxemburg, an d’Emma, haut als Emma Goldman présent, erklären d’Iddien a Ëmsetzungen vum Marxismus an Anarchismus.
Duerch di rezent Iwwerschwemmungen zu Lëtzebuerg an extrem Wieder Ereignisser an der Welt inspiréiert, schwätze mer haut iwwer Klimawandel, seng Auswierkungen, a wat dat alles mat Kapitalismus ze dinn huet.
An eiser 10ter Episode schwätze mer iwwert d’Zesummenhäng tëscht queer sinn, am Kapitalismus liewen an Pink Washing.
Mam Noémie Losch vun Ecpat hunn ech iwwert Voluntourismus geschwat. Wat genau heescht dat? Firwat ass et schiedlech fir béid Säiten? Wat fir eng Industrie stécht derhannert a wien profitéiert vun der Nofro no Vakanz mat e bëssen Hëllef?
D’Klima-Bündnis Lëtzebuerg feiert seng 25 Joer. Iwwer 40 Gemengen sinn Member vun dësem Netzwierk. Wat heescht et Klima-Bündnis-Gemeng ze sinn? Wat huet eng lëtzebuerger Gemeng mat den indigenen Bevëlkerungen am Amazonas-Gebitt ze dinn? Wat huet sech an de leschte 25 Joer geännert?
Mam Nadine Haas schwätzen ech iwwert déi ominéis Multinational JBS an hier Aktivitéiten zu Lëtzebuerg. Wat sinn hier Aktivitéiten an firwat brauchen se dofir 23 Bréifkëschten? Wat mëscht JBS an Brasilien?
Den Energy Charter Treaty ass en internationalen Traité deen net besonnesch bekannt ass, momentan awer staark an der Kritik steet, well en no der Meenung vun ville ONGen déi essentiell wichteg Energietransitioun blockéiert an erschwéiert. Mam Pia Eberhardt, enger renomméierter Expertin, schwätzen ech zu dësem Thema.
An eiser 8ter Episode schwätze mer iwwert en Thema, wat an eisem Liewen omnipräsent ass: Schoul! Besser gesot, Schoul an hier Auswierkungen zu Corona Zäiten.
Dësen Interview soll net den Rassismus erklären, dat ass an den leschten Joren genuch gemaach ginn, mä den Diskurs iwwert Rassismus. Den Interview orientéiert sech un dësem Text vun der Antirassismus-Trainerin Tupoka Ogette.
Mat mengem Gaascht schwätzen ech iwwert hier NGO Accion Ecologica am Ecuador. Sie setzt sech fir d’Rechter vun der Natur an a schafft zesumme mat den indigene Bevëlkerungen am Ecuador.
An eiser 6ter Episode komme mer nach eng Kéier ob d’Theme Revolutiounen a Protester zréck a kucken ënner anerem wat a leschter Zäit an Indien, Chile, Hongkong an am Irak lass war.
Mat mengem Gaascht schwätzen ech iwwert d’Initiative pour un devoir de vigilance zu Lëtzebuerg, déi rezent Entwécklungen, d’Kandidatur vun Lëtzebuerg fir en net-permanenten Setz am UN-Mënscherechtsrot an déi politesch Aarbecht vun Fairtrade.
Op Grond vun de Geschehnisser a Polen an an den USA schwätze mer haut iwwert d’Thema Ofdreiwung.