About this Episode
De Mérite Jeunesse Luxembourg gehéiert zur weltwäit féierender Organisatioun The Duke of Edinburgh’s International Award, déi an iwwer 130 Länner aktiv ass.
De Mérite Jeunesse ass oppe fir all Jonken am Alter vun 14-24 Joer, egal wéi säi Geschlecht, kulturellen Hannergrond, reliéis oder politesch Iwwerzeegung oder physesch Viraussetzung ass. Et ass ee flexibelen an ofwiesslungsräiche Programm, bei deem ee sech perséinlech Ziler setzt an déi ouni Zäitlimitt erreeche kann.
Fir matzemaachen muss du a 4 verschiddene Beräicher aktiv ginn: ee Benevolat maachen, ee Sport ausüben, een Talent léieren an eng Expeditioun maachen. Du sichs dir deng Aktivitéite selwer eraus a stells dir esou ee Programm zesummen deen ausgeglach ass an deen dir Spaass mécht. Et muss een net alles zur gläicher Zäit maachen. De Programm soll et dir erméigleche méi Selbstvertrauen ze kréien, Responsabilitéit ze iwwerhuelen, Neies ze entdecken an un deng Fäegkeeten an Talenter ze gleewen.
Haut erzielen dir d’Natasha an d’Victoria wat si dozou motivéiert huet, beim Mérite Jeunesse matzemaachen a wat de Programm hinne bruecht huet.
Lies méi iwwert de Mérite Jeunesse: www.merite.jeunesse.lu
-
Graffiti Talks Mérite Jeunesse Play Episode Pause Episode Mute/Unmute Episode Rewind 10 Seconds 1x Fast Forward 30 seconds 00:00 / 00:11:54 Download file | Play in new window | Duration: 00:11:54GRAFFITI TALKS ass Informatiounssendung am […]