About this Episode
Alice an Delphine schwätzen an dëser Episod iwwer d’Thema Iessen. Iesse verbënnt een oft mat Kultur, Kandheetserënnerungen a Genoss. Dowéinst ass dat Thema esou perséinlech an oft ginn Diskussiounen doriwwer séier hëtzeg. An dëser Episod wëlle mir versichen, den Zesummenhang tëscht eisen Iessgewunnechten an enger nohalteger Liewensweis besser ze verstoen. Wat seet d’Wëssenschaft? Wat soen d’Schülerinnen a Schüler an de Schoulkantinnen? A wat sinn d’Erfarunge vum Alice a vum Delphine, déi sech nëmmen nach vegetaresch/vegan ernären? Zesumme mat enger ganzer Rei move-ler a spannenden Invitée:en beschwätze mir, wat bei eis op den Teller kënnt – a wéi mir gläichzäiteg eise Planéit schütze kënnen.
Méi Infoen zu den Themen aus dëser Episod fannt dir hei: Broschür vum LIST iwwert de lëtzebuergeschen CO2-Foussofdrock; D’Food4Future Strategie fir nohaltegt Iessen an de Kantinnen; Dem Delphine säi Rezept fir vegan Macarons