
About this Episode

Jo Ann a Luca schwätzen haut iwwer Fashion. Ween huet meng Kleeder gemaach? Ënnert wéi enge Konditioune goufen se produzéiert? Wéi kann ech akafen ouni Mënsch, Ëmwelt an Déier ze schueden? A wéi eng Roll spillt d’Politik iwwerhaapt dobäi?
An dëser zweeter Folge kucke mir eis Alternativen zu Fast Fashion un a schwätze mat Acteuren aus deem Beräich. Vu Second Hand, iwwer Upcycling, zu nohalteg produzéierter Moud, ass fir jiddereen:t eppes dobäi. Freet iech op spannend Interviews, eng Diskussiounsronn an en informative Bericht. E Micro Trottoir souwéi e Spill hu mir natierlech och rëm fir iech virbereet. Lauschtert eran!
Méi Infos fannt dir hei: Akabobuttek Fair Fashion, Lët’z Refashion, BENU Village/Couture, Pilea Secondhand, Goodonyou