About this Episode
Endometrios ass déi zweetheefegst gynekologesch Krankheet. Dacks sinn d‘Symptomer esou schlëmm, datt déi Betraffen hirem Beruff net méi richteg kënnen no goen. Eng nei Petitioun fuerdert elo, datt d‘Endometrios endlech als chronesch Krankheet unerkannt soll ginn – ausserdeem soll et méi Flexibilitéit op den Aarbechtsplaze ginn. Am Podcast erkläert eis nei woxx–Journalistin Melanie Czarnik, wat et mat där Krankheet op sech huet, a wisou d‘Politik sech mat enger Unerkennung esou schwéier deet.
Den Artikel, iwwert deen mir schwätzen: Endometriose: „Nein, wir übertreiben nichts!“
Update: Mëttlerweil huet d‘Petitioun déi 4.500 Ënnerschrëften erreecht.
-
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. […]