About this Episode

Obwuel mir zu Lëtzebuerg keng eege Rüstungsindustrie hunn, gi Firmen aus dem Grand-Duché beschëllegt, u Krichsverbrieche bedeelegt ze sinn. Dat dës Firmen zwou Banke sinn, ass fir déi meescht vun eis warscheinlech net iwwerraschend. An dëser Episod geet et dorëms, wéi Lëtzebuerg a seng Finanzplaz bei Kricher a Krichsverbrieche matmécht. Ob dëst manner wäert ginn, hänkt vun der Regierung of, wéi d’woxx-Journalistin María Elorza Saralegui erkläert. Dat hänkt engersäits dovunner of, wéi d’Richtlinn fir een Droit de vigilance ëmgesat gëtt, an anerersäits dovunner, wéi Lëtzebuerg an Zukunft mat sougenannten Dual-Use-Projeten ëmgeet.
Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Génocide des Kurdes : Responsabiliser les complices
-
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. […]