About this Episode
Hallo an häerzlech Wëllkomm bei “Lauschter Mol!”, dem antikapitalista Podcast fir jonk an al. Haut wëlle mer mat iech iwwert d’Chamberwahlen schwätzen, well den 8ten Oktober ass et nes souwäit! Falls der iech lo frot, mee wat kann een do iwwerhaapt alles wielen, a wat wëllen die Parteien lo genau ëmsetzen, da sidd der hei genau richteg.
PS: A falls der iech den 8ten Oktober net kënnt physesch an de Wahlbüro beginn, vergiesst net d’Bréifwahl mat Zäit unzefroen!!! T’ass lo de Moment.
Musek: Take The Power Back by Rage Against The Machine
Instagram: @lauschtermol
1.1. Wei géingt dir äer Partei ëngem*r Neiwieler*in an dräi Wieder beschreiwen?
LSAP
Nohalteg, sozial, gerecht
PIRATEN
Modern, fair an transparent
CSJ
Sozial, Wertebaséirend, Zukunftsorientéiert
JSL
Prett, Sozialgerecht, Nohalteg!
ADRENALIN
Fräiheet, Eegeverantwortung, Leeschtungsgerechtegkeet.
DEI JONK LENK
Feministesch, Anti-Kapitalistesch an Ökologesch
DP [NOGEREECHT]
1.2. Wat verstitt dir ënnert “Fräiheet”?
LSAP
D’Fräiheet ass dat wichtegst wat mir hunn. Wa mir kucken ewéi et a Länner ass, déi mol net esou wäit vun eis fort sinn, kënne mir eis glécklech schätzen, dass Grondvaleueren aus enger Demokratie ewéi z.B. d’Beweegungs, d’Meenungs- oder d’Pressefräiheet bei eis Normalitéit sinn.
PIRATEN
Dass jiddereen hei am Land säi Liewe soll kënne fräi gestallten, wéi déijéineg Persoun et fir sech richteg fënnt (am Respekt vun der Fräiheet vu senge Matmënschen an eiser Ëmwelt). Als Verfechter vum selbstbestëmmte Liewe setzen sech d’Piraten fir d’Recht op sozial Participatioun, fir d’Chancëgläichheet vun alle Mënschen a fir eng Neutralitéit vum Staat géigeniwwer de Glawensgemeinschaften an.
CSJ
Jidderee soll säi Liewen esou gestalte kënne wéi hien dat fir richteg hällt. Dat heescht awer och, datt deem Eenzele seng Fräiheet do ophällt, wou se deem anere seng agrenzt. D’Meenungsfräiheet ass fir eis och e wichtegen Deel vun dëser Fräiheet. Fräiheet heescht fir eis awer och, datt jiddereen dee gär kann hunn, deen e wëll, an datt kee wéinst der sexueller Orientéierung stigmatiséiert oder jugéiert gëtt. Ofschléissend kënnt mat Fräiheet och d’Responsabilitéit sech dofir anzesetzen, dës Fraiheet ze erhaalen, souwuel fir déi aktuell Generatioun, wéi och déi vu muer.
JSL
Fräiheet ass fir eis een vun den Grondwäerter. Fräiheet bitt Perspektiven an erméiglecht perséinlech Entwécklungen. Fräiheet ass eng den Grondlag vun eiser Demokratie, déi den Staat garantéieren muss! Enner Fräiheet falen e.a.: Walrecht, Meenungs-, Versammlungs-, Relioun- an Selbstbestemmungsfräiheet, Recht op Privatsphär, Recht op Eegentum. Mee Fräiheet ass och net absolut. Do wou d’Fräiheet vun dem engem d’Fräiheet vum aneren beanträchtegt mussen Limitten gezunn sinn. Dofir ass een net fräi een ze beleidegen oder eis Ëmwelt ouni Limitten ze verschmotzen.
ADRENALIN
d’Recht vun der kierperlecher Onverletztheet; d’Verfügungsgewalt iwwert d’Eegentum; d’Méiglechkeet fir fir sech all Decisioun ze huelen, déi kengem anere schued an eegeverantwortlech d’Konsequenzen ze droen;
DEI JONK LENK
Fir eis ass Fräiheet ee Mangel u Leed fir jiddereen. Fräiheet ass sozial, wirtschaftlech an ëmweltfrëndlech Gerechtegkeet. Fräiheet ass och sei richtegste Selbst ze sinn, ouni Mënsch ronderëm sech ze schueden. Et ass wien de wëlls gär hunn a wien du wëlls sinn, ouni Diskriminatioun. Ënnert dem Kapitalismus a dem Patriarchat hunn d’Leit ze laang gelidden a wäerte weider leiden wa mir de System net änneren. Keen ass fräi bis jidderee fräi ass. (“nobody’s free until everybody’s free.” -Fannie Lou Hamer)
DP [NOGEREECHT]
2.1. Wie gesäit fir iech systematesch Bekämpfung vu Queerfeindlechkeet an aneren Formen vun Diskrimineirung aus?
LSAP
Opklärung an Educatioun. Kanner kommen ouni Virurteeler op d’Welt. Et si mir déi si mat eisen Usiichten beaflossen. Et brauch eng Educatioun déi all d’Liewensformen normaliséiert. Donieft musse mir och weider iwwerall Opklärungsaarbecht bedreiwen. Jiddereen soll zu Lëtzebuerg esou kënnen liewen ewéi en dat fir richteg hält.
PIRATEN
De Staat, d’Politik an d’Gesellschaft musse sech konsequent géint all Form vun Diskriminéierung stellen an no alle Méiglechkeeten Initiativen, wéi zum Beispill Evenementer, Safe Spaces an Gruppen, ënnerstëtzen, déi zu enger inklusiver Gesellschaft bäidroen. D’Reaktioun op Queerfeindlechkeet dierf net sinn, manner an der Ëffentlechkeet driwwer ze schwätzen, mee méi. Doriwwer eraus ass den Internet kee rechtsfräie Raum an d’Gesetzer mussen och do applizéiert ginn. Fir Queerfeindlechkeet entgéint ze wierken, soll dann och an de Schoule konsequent iwwert Geschlecht, Gender, Geschlechtergerechtegkeet a Bezéihungen geschwat ginn, fir déi Jonk iwwert d’Thema opzeklären an Toleranz ze kultivéieren
CSJ
Ufeindungen a Verleumdungen muss konsequent no gaange ginn an et muss kloer Konsequenze fir den Täter ginn. Zu Lëtzebuerg soll an dierf keen der Diskriminatioun oder Ongläichheeten ausgesat sinn. Mir sinn eis bewosst, datt an den nächste Joren an deem Beräich nach villes ze maachen ass fir d’Akzeptanz an der Gesellschaft weider ze stäerken an auszebauen. Et musse weiderhi Safe Spaces fir Queer Leit an déi ganz LGBTQI+ Communautéiet geschafe ginn. Diskriminatiounen an Ufeindunge betrëfft am Allgemengen d’LGBTQI+ Communautéit. Si mussen sech an engem sécheren Ëmfeld zu Lëtzebuerg beweege kënnen. De Rainbow Center ass do e gudden éischte Schratt mee och hei mussen an den nächste Joren nach weider Efforte gemaach ginn.
JSL
Et ass wichteg Informationscampagnen ze organiséieren fir op Vilfalt an Chancëgläichheet opmierksam ze maachen. Dës Campagnen sollen d’Inklusioun fërderen an Diskriminéierung bekämpfen. Mir als JSL setzen eis dofir an dass all Form vun Diskriminatioun vun der Justiz serieux geholl gett.
ADRENALIN
Ech kenne kee Beweis, datt dee Phenomen zu Lëtzebuerg existéiert, nach manner hunn ech bis ewell eng Definitioun héieren, duerfir: gëllt de Grondsaz, datt jiddereen(!), onofhängeg vu senger privater sexueller Orientéierung dierf ongehënnert säi Liewen ausliewen. Fir all Zorte vu Koppelen gëllt awer d’Verantwortung e gewëssene Feeling ze entwéckelen, fir tëschent ëffentlech a privat ze ënnerscheeden.
DEI JONK LENK
Eng Majoritéit vun de jonk Lénk Memberen si queer, domat läit dëst Thema eis ganz no um Häerz. Mir probéieren all Diskriminatioun vu LGBTIQ+ Leit ze eliminéieren. An eisem Programm steet och dass mir d’gesetzlech Unerkennung vun der Geschlechtsännerung vun Transgender Leit an hiren Numm änneren ouni datt si gezwongen sinn eng ongewollt Operatioun ze maachen. D’Unerkennung vu net-binär Leit ass eis och wichteg. Mir wëllen all Form vun Diskriminatioun bekämpfen (Rassismus, Xenophobie, Antisemitismus, Islamophobie) an deem mir mat Associatiounen zesumme schaffen an si verstäerken.
DP [NOGEREECHT]
2.2. Ass d’Monarchie nach zäitgeméiss?
LSAP
Als sozialistesch Partei si mir net déi grouss “Fans” vun der Monarchie. Mir hunn awer am Moment aner Problemer am Land déi mir fir d’éischt sollten ugoen: Logement, Klima, Educatioun! Mir sinn awer der Meenung, dass een sech iergendwann mat der Fro soll auserneen setzen ewéi mir eis Staatsform wëllen organiséieren.
PIRATEN
D’Piraten erlaben sech keen Urteel doriwwer, ob d’Monarchie nach zäitgeméiss ass oder net. Dëst missten d’Awunner:innen an engem Referendum entscheeden.
CSJ
Fir eis ass déi konstitutionnel Monarchie zu Lëtzebuerg dee Modell deen der aktueller Zait ugepasst ass a vun de Lëtzebourger gedroen gëtt. An der neier Verfassung ass d’Roll vun der konstitutionneler Monarchie, an domat och d’Roll vum Grand-Duc, un déi häiteg Zäit ugepasst ginn. Duerch dës Reform, hu mir elo eng modern parlamentaresch Monarchie. D’representativ Roll déi d’Monarchie anhëlt huet an der Vergaangenheet oft seng Virdeeler am Ausland ënner Beweis gestallt. Esou sinn eis Dieren opgemaach ginn déi d’Lëtzebuerger Economie an hir Betrieber mat neien Ofkommes mam Ausland gestäerkt hunn. D’Monarchie stellt eng Form vun der Kontinuitéit a Stabilitéit duer mat där sech vill Leit zu Lëtzebuerg identifizéiere kënnen.
JSL
Nee.
ADRENALIN
Jo.
DEI JONK LENK
Nee, d’Monarchie ass just eng Verschwendung vu Steiergelder.
DP [NOGEREECHT]
2.3.Ass den lëtzebuergeschen Schoulsystem gerecht?
LSAP
Nee. De Parcours vun engem Kand ass vu vir eran definéiert. Kanner aus favoriséierten Familljen hu besser Resultater ewéi Kanner aus manner favoriséierten Familljen. Dobäi kënnt, dass eise Schoulsystem net un eis multi-kulturell Gesellschaft ugepasst ass. Mir wëllen d’Chancëgerechtegkeet an der Schoul hierstellen. Esou dass all Kand, egal vu wou et hirkennt a wéi vill d’Elteren verdéngen, déi nämmlecht Chancen huet.
PIRATEN
Leider ass de Lëtzebuerger Schoulsystem, trotz de ville Suen, déi vum Staat doran investéiert ginn, net gerecht. Nach ëmmer spillen de finanzielle Background an de sproochlechen Hannergrond eng grouss Roll dobäi, ob e Schüler oder eng Schülerin hire schoulesche Parcours mat Erfolleg ofschléisst oder net. An dat muss geännert ginn.
CSJ
Et ass e Fakt, datt d’Kanner mat ganz verschiddenen Ausgangspunkten a Baggagen an d’Schoul zu Lëtzebuerg kommen. Fir eis besteet d’Roll vun der ëffentlecher Schoul doran, de Kanner déi beschtméiglechst Ausbildung an Zukunftschancen ze bidden, egal wéi hier Ausgangslag ass. Den aktuelle Constat ass awer, datt dat haut net fir jddereen de Fall ass. Fir eng ganz Rei Schüler ass et zwar méiglech eng excellent Bildung ze kréien, mee fir eng ganz Rei anerer ass dat wéinst struktuelle Problemer net de Fall. Dat besonnesch wéinst der Schwieregkeet mat de Sproochen. Fir, datt de Schoulsystem méi gerecht gëtt an all de Schüler besser Chance bidd, brauche mir an der ëffentlecher Schoul méi Flexibilitéit an de Sproochen. Konkret brauche mir méi Flexibilitéit bei der Alphabetiséierung, der Prioriséierung vun de Sproochen déi ënnerriicht ginn a bei der Sprooch an där d’Niewefächer ënnerriicht ginn. Bei der Flexibilitéit vum Léieren vun Däitsch, Franséisch an Englesch, ass et fir eis awer extrem wichteg, datt gläichzäiteg d’Lëtzebuergesch als déi gemeinsam Integrationssprooch gestäerkt gëtt. Dowéinst si mir och der Meenung, datt de Wee an der Zukunft duerch eng Reform vun der ëffentlecher Schoul féiert an net duerch d’Ausbauen vum System “Europaschoulen”.
JSL
Den lëtzebuerger Schoulsystem ass net gerecht. Déi sozioökonomesch Situatioun vun der Famill definéiert de Schoulparcours vum Kand. De lëtzebuerger Schoulsystem muss sech endlech der Situatioun zu Lëtzebuerg upassen. Vill Famillen aus dem Ausland kommen mat hire Kanner bei eis op Lëtzebuerg. Eise Schoulsystem dierf si net am Stach loossen. De Portemonnaie vun den Elteren dierf net doriwwer decidéieren op e Kand an der Schoul réusséiert oder net. Den Léierplang muss verfeinert ginn, d’Sproochencoursen mussen der Realitéit ugepasst gi an den Fokus muss op gesellschaftlech relevant Themen wie Digitalisatioun, Klimawandel an (psychesch) Gesondheet leien. En Gros, muss eisen Schoulsystem wierklech Chancë-Geläichheeten schafen an all Kand deen Bildungswee erméiglechen deen em entsprécht.
ADRENALIN
Schwéier ze definéieren. D’Haaptaufgab vun engem “gudde” Schoulsystem läit fir d’ADRenalin doran d’individuell Potenzial vun all Kand beschtméiglechst ze fërderen an ze fuerderen.
DEI JONK LENK
Eise Schoulsystem ass leider net gerecht. Strukturell Problemer feieren dozou, dass d’Schoul weiderhin Inegalitéiten verstäerkt, virun allem wat Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger ugeet. Mir mussen do strukturell Ëmdenken an eise System un d’Méisproochegkeet adaptéieren. D’Schoul muss Perspektiven fir jiddereen kënnen bidden.
DP [NOGEREECHT]
2.4. Soll Lëtzebuerg méi Migrant*innen ophuelen?
LSAP
Lëtzebuerg soll esou vill wéi Migrant*innen ophuelen ewéi eis Strukturen et erlaben. De Wuelstand vun eisem Land hu mir ville Migrant*innen ze verdanken. Mir sinn e pro-europäescht Land. Dofir setze mir eis op EU-Niveau och fir e méi gerechten Verdeelungsschlëssel fir Flüchtlingen a Migrant*innen an.
PIRATEN
Lëtzebuerg muss d’Mënscherechter respektéieren an d’Recht op Asyl ass ganz kloer ee Mënscherecht. D’Piraten setzen sech europawäit dofir an, dass Mënschen, déi viru Krich a Gewalt hiert Doheem verloosse MUSSEN, hei an Europa d’Chance op een Neiufank kréien. Lëtzebuerg soll net nëmme Migranten ophuelen, mee muss hinnen och Perspektive ginn, wéi si sech an eiser Gesellschaft kënnen abréngen.
CSJ
Lëtzebuerg brauch Zouwanderung fir déi ekonomesch Croissance weiderhi kënnen ze erhalen. Dofir ginn oft qualifizéiert Leit gebraucht déi mir zu Lëtzebuerg leider net ëmmer fannen. Dowéinst hu mir vill Leii déi bei eis kommen, well si hei zu Lëtzebuerg eng Aarbeschtsplatz gebueden kréien. Als Staat sti mir hei an der Verantwortung Infrastrukturen esou auszebauen, datt mir dee Wuestum mëttel- a langfristeg packen. Et gëtt awer och Migratioun duerch Krich a Naturkatastrophen. Lëtzebuerg huet an de leschte Joren ëmmer neess seng Solidaritéit op europäeschem Niveau ënner Beweis gestallt, a Flüchtlichen opgeholl. Et ass kloer, datt mir begrenzt Mëttel hunn an dowéinst net jiddereen zu Lëtzebuerg ophuele kënnen (contrairement zu der ekonescher Migratioun muss de Staat hei wesentlech méi Resourcen an d’Hand huelen fir de Logement, Ausbildung, Encadrement, etc.), mee als räicht Land sti mir an der Verantwortung e méiglechst grousseen Effort ze maachen fir deene Leit ze hëllefen déi vu Krich a Naturkatastrophen flüchten. Mir brauchen dowéinst déi richteg Strukturen hei am Land fir d’Migranten déi aus hirer Heemecht geflücht sinn, richteg ze encadréieren an ze begleeden fir sech zu Lëtzebuerg en neit Liewen opzebauen. Dat bedeit awer och, datt déi zoustänneg Institutiounen a Servicer méi séier a besser matenee schaffe mussen.
JSL
Lëtzebuerg war historesch een Land vun Immigratioun an ass Haut een Land vun Immigratioun. Den den sech géint Migratioun ausschwätzt, schwätzt sech géint alles aus wat Lëtzebuerg war, ass an wäert sinn. Dofir sollt sech Lëtzebuerg op EU Niveau weiderhin staark maachen fir eng gerecht Verdeelung an esou vill Migrant*innen unhuelen wéi eist Land an Strukturen et erlaben.
ADRENALIN
D’Migratiounsfro léisst sech net iwwert eng “soll” Äntwert beäntwerten, mee Rechter a Fliichten. Fir d’ADRenalin ass jiddereen wëllkomm, deen sech zu Lëtzebuerg eegeverantwortlech e Liewe wëll opbauen an sech dobäi un déi entspriechend gesetzlech Fliichten hält, besonnesch och déi zur Integratioun.
DEI JONK LENK
Jo. Dat steet fir eis ausser Fro. Mat nee Äntweren bedeit all Form vun Migratioun ze “stoppen”, dorënner zielen och Studenten, Frontalièren, etc. Doriwwer ze schwätzen op mir Migranten sollen ophuelen ass an eisen Aen e kloren Rietsen Talking Point. D’Fro ass net op mir se ophuelen sollen, mee wéi mir domadder ëmginn. Déi rezent Emeuten a Frankräich weisen kloer, wéi vill Feeler gemaach kënnen ginn.