
About this Episode

Sonderepisod: Luxembourg Song Contest 2025
5 Schüler vum Schüler-Radio-Team an 2 Schüler vum SchoulTV-Teams des LMRL haten di Méiglechkeet, am 25. Januar 2025 beim Luxembourg Song Contest dobäi ze sinn, dr vun RTL an der Rockhal organiséiert gouf.
Dank RTL kruten eis jonk Reporter Presseausweise, di et hinnen erméiglecht huet, hanner di Kulissen vum Wettbewerb ze kucken, d’national an international Presse ze treffen, di technesch Ausrüstung ze entdecken an an verschiddenen Pressekonferenzen deelzehuelen.
Mer wëllen drun erënneren, dat di grouss Gewënnerin vum Owend, Laura Thorn, Lëtzebuerg den 17. Mee beim Eurovision Song Contest ze Basel mat hirem Lidd “La poupée monte le son” vertriede wäert.
Op dem Programm vun der Sendung stinn:
– Interview mam Jeff Spielmann, Head of Media ESC Luxembourg bei RTL.
– Interviews mat verschidde Politiker.innen, di den Owend vum Wettbewerb an der Rockhal uwiesend waren.
– Interview mam Adriano Selva (ex-CHAiLD), engem der siwwen LSC-Finalisten am Joer 2024.
– Interview mat der Band „One Last Time“, engem der 7 Finalisten fir di Ausgabe 2025.
– Mikro-Total: Reaktioune vum Publikum vis-à-vis vun der Show an hir Meenung zu de Favoriten.
– Julie vum Schüler-Radio-Team wäert di Pressekonferenz mat der Gewinnerin Laura Thorn zesummegefaasst.
Och eis Kolleege vum Uelzecht Kanal hunn iwwert Endresultat beriicht. Mir wäerten si an engem Interview mat de jonken UK-Journalisten ze Wuert komme loosse.
An uschléissend nach een onvergiessleche Moment: Ee Visiteur huet seng Frëndin een Heiratsantrag gemaach. Mir hunn hir Impressioune gesammelt.
Wärend der gesamte Sendung besteet di Playlëscht aus de Lidder vun de Participant’en vum LSC 2025 souwéi Titelen, di Lëtzebuerg bei fréieren Eurovision Song Contest vertrueden huet.