Listen to this Episode
About this Episode
2023 louch d‘Zuel vun de Policeasätz wéinst haislecher Gewalt déi éischte Kéier iwwer 1.000 pro Joer. Dat heescht, dat d‘Police ongeféier dräi mol am Dag geruff gëtt, well et Fäll vun haislecher Gewalt gëtt. D‘Affer vun an der Haaptsaach Fraen. Wéi d‘Verhältnis vun de Geschlechter genee ass, ass awer jee no Statistik ënnerschiddlech. Am Podcast erkläert d‘Melanie Czarnik net nëmmen, wisou dat esou ass, mä och, wat fir Angeboter et zu Lëtzebuerg esouwuel fir Affer wéi och fir Täter*innen gëtt. Thema ass awer och, wat d‘Regierung elo mat hirem neien Aktiounsplang wëlles huet.
Den Artikel, iwwert déi mir geschwat hunn:
Häusliche Gewalt: Gewalt fängt mit Worten an
-
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. […]