Show Times
Not Currently Scheduled.About the Show
De Schülerradio ass eng Jugend-Sendung “vu SchülerInne fir SchülerInnen” vum Campus Geesseknäppchen. D’Sendung gëtt live aus dem Schülerradio Studio vum LMRL gesent an dat 1 mol am Mount.
Episodes
Di Sendung vum Mee ass di läscht vun dësem Schouljoer an dëser Form. Di allerläscht Sendung wäert n engem fëlleg aneren Kader stattfannen. Méi dozou um Enn vun der Sendung. Et gëtt nach emol ee Bléck op di Porte Ouverte vum LMRL geworf, iwwer di Sprangprozessioun ze Ierchternach gesprach an och iwwer HIV gesproch. […]
Di Episod vum Abrëll gouf eng Woch virdrun, am Kader vun der Porte Ouverte um Lycée Michel Rodange opgeholl. An dem Kontext hunn si Schüler:innen interviewt, di néi op d’Lycée kommen, awer och déi, di den Lycée no siewe Joer verloosse. Wien se nach alles am Interview hunn, dierft dir selwer rausfannen. 🙂 […]
Dëst Sendung ass eng ganz speziell.. Schliesslech datéiert di éischt Sendung vum Schülerradio Geesseknäppchen 25 Joer zréck. Dowéinst loossen di Schüler:innen vum LMRL di läscht 25 Joer mol ee bëssi revue passéieren. […]
Di Episod vum Februar gëtt ee Réckbléck op eng ganz speziell Sendung aus dem Januar. Den 25. Januar gouf 5 Stonne live op englesch aus dem Studio 1 aus dem Lycée Michel Rodange gesent. Ulass war di 10 järeg Zesummenaarbecht tëscht dem Schülerradio Geeseknäppchen an dem Radio ARA. An den 5 Stonnen goufe ee ganze […] […]
De 25. Januar war eng grouss Prouf fir dat wat den Dag dono komme sollt: eng 6 Stonnen-Livesendung op englesch. An der “Virbereedungssendung” hunn se mat der AIDS-Berodung vum Roude Kräiz geschwat, fir iwwer di Krankheet opzeklären. Außerdem schalten si nach nach riwwer zur Moon-Konferenz. Fir raus ze fannen, wat dat ass – einfach ralauschteren. […]
Haut gëtt et weihnachtlech. Passend zur Chrëschtvakanz gëtt natierlech eng traditionell Chrëschtsendung ausgestraalt. Chrëschtdag ass den dag vu der Nächsteléift. Dozou passt och Aarbecht als Benevole. Di Sendung ass awer ach nach voll mat villen aneren Themen, wéi lecker Kichelchen. Merry Christmas. 🙂 […]
Den Pol an d’Mia konzentréieren sech an der Sendung vum 23.10.2023 op Aktivitéiten di kürzlech um LMRL stattfonnt hunn. Virun zwou Wochen huet den LMRL ee Scheck vun 10.000 Euro un d’Unicef iwwerreecht. An der Sendung gëtt och d’Unicef präsentéiert. Weider Themaen sinn d’Klimawoch an d’Semaine de la democratie. […]
Di éischt Episod vum néie Schouljoer 2023-2024 ass den 26 Oktober 2023 on air gaang. An der Sendung steet een Best-of vun den Sendungen aus dem läschten Schouljoer op dem Programm. […]