About this Episode
Zu Gaascht an dëser Episode ass de jonken an erfollegräiche Cellist Benjamin Kruithof. Mir fänken dëst Episode direkt mat engem aktuellen Thema un: Luxembourg Music Awards. De Benjamin huet de Präis an der Kategorie Nowuesstalent gewonnen a mir schwätze bëssen doriwwer wéi iwwerraschend dat fir hie koum. Ausserdeem kläre mir iwwert d’Klischeeë vun der klassescher Musek op, schwätzen iwwert Tabuthemen an der Branche an och iwwert säi Cello den iwwer 300 Joer al ass. De Benjamin wënscht sech, dass Leit Musek rëm schätzen an sech mol dohinner sëtze sollen fir d’Musek rëm mat alle Sënner genéisse ze kënen. Vill Spaass beim Lauschteren!
___________
KulturPur ass ee Podcast vu culture.lu an Zesummenaarbecht mam Radio ARA & Podcast Host Cecilia Said Vieira. Et ass eng Plattform fir Kënschtler a Kënschtlerinnen zu Lëtzebuerg z’ënnerstëtzen. An dësem Podcast gitt der gewuer, wéi vill Kreativitéit hannert eisem onscheinbare Land stécht – Heiduerch kritt dir een aaneren Abléck an eis lokal Kulturzeen. Vill Spaass beim Lauschteren!
Fir méi Input, Feedback oder Ideen: schreiwt dem Ceci op instagram.
-
Kultur Pur New […]